Lescht Noriichte
29.11.2020
08.03.2020
D'Springbreak Foire huet leider missen verluecht ginn. De neien Datum ass de 5 Juli 2020! Méi Infoen kommen nach no!
26.02.2020
==> Beievollek goes Springbreak/ Luxexpo <==
Beievollek sàrl-s ass Sonndes de 15.03.2020 vun 10 bis 19 Auer um Stand vun der Chambre de Commerce an der Hal 8 op der Springbreak an der Luxexpo um Kierchbierg vertrueden.
Kommt d’Beien kucken, loosst Iech d’Liewen an d‘Wichtegkeet vun de Beien erklären. Natierlech kënnt Dir och Hunneg an Hunnegdrëpp schmaachen a kafe kommen.
Bis geschwënn!
22.02.2020
Dat neit Beiejoer steet virun der Dier. Mat dem neie Joer gëtt et och e neie Logo!
29.01.2020
Duerech all d‘Aktivitéiten vu Beievollek sàrls aus dem Joer 2019, konnt d‘asbl „ Schrëtt fir Schrëtt“ mat engem Don vun 2.000€ ënnerstëtzt ginn. Weider Informationen fann Dir och op hirer Homepage https://www.schrett-fir-schrett.lu/
25.09.2018 & 24.10.2018
Vu wou kommen d'Appel fir de Viz hir?
LOT 1 Appel vun Zéisseng
LOT 2 Meschung: Appel vun Zéisseng, Bereldeng a Miersch
LOT 3 Appel vun Zéisseng
LOT 4 Appel vun Bereldeng
LOT 5 Meschung: Appel vun Bereldeng a Réiden un der Attert
LOT 6 Meschung: Appel vun Esch Uelzecht an Zéisseng
LOT 7 Appel vun Zéisseng
LOT 8 Appel vu Baschleiden
LOT 9 Appel vu Baschleiden an Zéisseng
LOT 10 Appel vu Kayl an Zéisseng
LOT 11 Appel vun Zéisseng
15.08.2018
"Ween ass Beievollek sarl-s" ass aktuelliséiert ginn.
14.08.2018
Sait läschter Woch hued Beievollek och eng Facebook Sait. Dir kennt eis also "liken goen"
25.07.2018
Nei Rubriquen "Rent a Beebox" an Viz sinn online.
23.07.2018
Seid haut kenn Dir bei eis eng gudd Hunnegdrëpp kaafen. Dës ginn et an drei verschidden gréissten
- Hunnegdrëpp 250 ml fir 7,00€ TTC
- Hunnegdrëpp 500 ml fir 13,00€ TTC
- Hunnegdrëpp 700 ml fir 18,00€ TTC
Fir eng Hunnegdrëpp ze kaafen, kenn Dir mir eng mail op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! schecken
20.06.2018
Niwend eiser Hunnegbox zu Zéisseng kenn Dir och eisen Hunneg zu Walfer an der "Sommellerie de France" kaafen. Méi Infoen ennert http://www.sommelleriedefrance.lu
19.06.2018
Se ass nees do, d'Hunnegbox an der Zéissenger Strooss. Kommt ganz einfach ären Hunneg kaafen. Vill Spaass
11.06.2018
Op eiser Homepage sinn d'Stänn aktualliséiert ginn. Hei kenn Dir och kucken vu wou ären Hunneg deen Dir kaaf hudd, hir kennt. Op all Hunnegglas steet "LOT XX". All LOT steet fir een Beiestand.
05.06.2018
Haut hu mir den éischten Hunneg fir dëst Joer geschleidert. Et sinn hei bei ronn 92 kg zesummen komm. Den Hunneg muss nach an de nächsten Deeg beaarbescht ginn ier en ofgefëllt ka ginn. Virbestellungen huele mir gären un. Dëst kënnt Dir gären bei "Bestellung" machen.
Ab nächster Woch steet och erem eis Hunnegkescht an der Zéissenger Strooss, wou Dir zu jiider Zait kennt ären Hunneg kaafe kommen.
21.05.2018
Et ass erem Schwarm zait. Kenn Dir een deen e Schwarm am Gaart hued oder soss enzwoueg, mellt Iech roueg bei eis iwwert d'Homepage (www.beievollek.lu), mir kommen e gären bei Iech fir naischt sichen!
24.03.2018
Um Springbreak an der Luxexpo war den 22.03.2018 die offizielle Iwwerreeschung vun der "Certificat Label "Made in Luxembourg".
http://www.cc.lu/actualites/detail/62-entreprises-labellisees-made-in-luxembourg-1
21.03.2018
Hei en Artikel iwwert d'Beien an der Zeitung vun der Fondatioun Pescatore. E grousse Merci un d'Zesummenaarbecht mat der Fondatioun, wou 3 Beievöllker stinn.
15.03.2018
Den Deel "Stänn" ass aktuelliséiert ginn.
13.03.2018
Eis Beievöllker ginn e besseren op Wanderschaft. Et sinn duerch d'Land epur nei Stänn opgeriicht ginn. Eis Bei "Honey" flitt vu Stand zu Stand.
E neie Stand zu Esch/Uelzecht mat 3 Völlker, Een neien um Lampersbierg mat 3 Völlker, een zu Lëppschent mat engem Vollek an een zu Réiden un der Attert och mat engem Vollek
17.02.2018
D'Beien waarden an hiren Këschten drop, dass et erëm méi waarm gëtt. Wann wéi an de leschten Deeg d'Sonn kuerz um Programm steet, kommen e pur d'Beien kucken op net di éischt Blummen, z.B Krokussen ufänken mat bléien. Dëst sinn di éischt Nährstoffer fir d'Beien no dem haardem Wanter.
Leider hunn bis elo 6 Beievöllker de Wanter 2017/2018 net iwwerlieft.
12.02.2018
Säit dem 22.01.2018 kann d'Beievollek sarl-s den Hunneg an den Viz ënnert dem Label vun der Made in Luxembourg verkafen.
10.10.2017
Ma dem neien Kelter hunn mir Viz gemach. D'Flächen vun 1L kennen an eiser self-service Box zu Zéisseng fir 3€/pro Fläsch kaaf ginn.
10.09.2017
Et ass erem sou weit, d'self-service Box ass erem do. Des Kéier net mat Hunneg mee mat Viz aus Appel vun Zéisseng.
16.08.2017
De leschten Hunneg fir dest Joer ass geschleidert a leider schons all verkaaf. Mir huelen gären Virbestellungen fir nächst Joer Mee/ Juni un --> "Bestellungen" Merci
Des weideren sinn 3 weider Völlker dobei komm.
17.07.2017
Wéinst der grousser Nofro ass d'Hunneg BOX erem fort. An ronn 3 Wochen get de leschten Sommerhunneg fir d'Joer 2017 geschleidert.
Mir huelen gären Virbestellungen un. --> "Bestellungen" Merci
13.07.2017
Die éischt HUNNEG Self-service BOX an der Zéissenger Strooss. Sie ass erem do!
22.06.2017
Die éischt HUNNEG Self-service BOX an der Zéissenger Strooss. Wéinst der grousser Nofro ass den Hunneg ausverkaaft. Et wäert deemnächst awer erëm geschleidert ginn, dann kennt d'BOX erëm zeréck stoen.
13.6.2017
Hunneg kann een och iwwert eisen Site bestellen. Iwwert den Menu Bestellungen kommt der an eisen Shop. Bezuelen kann een bäi der Liwwerung oder iwwer Paypal. Verschecken an d'Ausland kascht 9,50€ supp.
Produit sinn aktuelliséiert ginn, souwéi och eis Sait mat de Stänn
31.05.2017
Deen eischten Hunneg ass gescheidert. Lo nach eng Woch réieren, kennen nächst Woch die éischt Bestellungen eraus goen.
Ween nach Hunneg well, kann es ennert "Bestellungen" op der Homepage machen.
26.05.2017
Am Kader vum Thema Beien, waren desen Freideg Précoce vum Zéisseng bei de Beien op Besuch. Zesummen hun mir gekuckt wéi d'Beien zesummen liewen a probéiert se besser ze verstoen. Dono hun mir nach zesummen Hunneg geschleidert. Merci fir de schéinen Moien.
20.05.2017
De Raps ass sou gutt wéi verblitt, dowéinst ass d'Vollek aus dem Raps ass erem zereck um Stans zu Zéisseng.
Des Weideren waren mir en Schwarm afänken (Foto) an et ass e weideren Ofleeër dobäi komm.
Nächsten Weekend 27-28.Mee 2017 gëtt den éischten Hunneg geschleidert. Virstellungen huelen mir nach ëmmer gären un.
12.05.2017
Di nei Saison ass erëm un. Eis Beien hunn schonns vill Hunneg gesammelt. Hoffentlech, je nom Wierder kennen mir den éischten Hunneg fir dëst Joer Enn Mee schleideren. Virbestellungen huelen mir gären un.
Allen 10 Beievölke hunn de Wanter gutt iwwerstane, sou dass mir konnten bis elo 7 Ofleeër maachen. Et sinn 2 Beiestänn dobäi komm, soss dass mir elo en total vun 17 Völker hunn. (--> voir Stänn)
Een Vollek steet zu Miersch an engem Rapsfeld. Wann een gären Rapshunneg hätt ass dëst keen Problem.
23.06.2016
Endlech ass erem gudd Wierder an d'Beien sin erem voll bei der Aabescht
29.05.2016
Haut hu mir den éischten Hunneg fir dëst Joer geschleidert. Et sin hei bei ronn 16 kg zesummen komm. Den Hunneg muss nach an de nächsten Deeg beaarbescht ginn ier en ofgefëllt ka ginn. Virbestellungen huele mir gären un. Dëst kënnt Dir gären bei "Bestellung" machen.
Hei e peur Fotoen vum Schleideren
28.05.2016
Den aktuellen Beienstand zu Zéisseng
29/04/2016
Heimat stellen mir eisen Logo fir
24/04/2016
An de leschten Deeg hunn Beien nei Beiekeschten kritt. Bei den éischten Vëlker ass den Hunnegraum dobäi komm.
Och wann d'Fréijoer op sech waarden léist, sinn di éischt Uebstbeem an der Bléi. Niewent den Uebstbeem ( zemools Bieren-, Kiischt-, Quetschenbeem) ass fir d'Bei am Ufank vum Fréijoer de Raps ganz interessant, well des Bléien vill Pollen zebidden hun. E Beievollek brauch 10-40kg Pollen pro Joer.
18/03/2016
Eisen Site ass haut um 18.3.2016 gestart. Déi éischt Beien hunn hiren Wanterschlof hannert sech an ginn mol kucken, wou eppes blitt.