• 912D3D54-5388-4FDA-9F95-FDE0C9F3D991.jpg
  • IMG_0416.JPG
  • IMG_0831.JPG
  • IMG_1038.JPG
  • IMG_4386b.jpg
  • IMG_4749.JPG
  • IMG_5168.JPG
  • IMG_7575.JPG
  • MADE_IN_LUX.JPG
  • nei.jpg
  • w.jpg

D'Kinnigin

 

Beievollek kann nëmmen mat enger Kinnigin iwwerliewen, si steet am Mëttelpunkt. Di bestëmmt den Zesummenhalt a d’Stëmmung vum Vollek. Eng Kinnigin ka pro Dag bis zu 2000 Eeër, och Stëfter genannt, leen. Geet d’Kinnigin verluer oder stierft se, dann kann d’Beienaarbechterinnen sech eng nei Kinnigin héich zéien. Dëst geschitt an enger sougenanntener Weiselzell. 16 Deeg brauch een Ee vun enger Kinnigin bis se schlüpft. Eng Kinnigin erkennt een direkt un engem verlängertem Laf an de Kapp ass méi ronn wéi déi vun enger Aarbechter Bei.

D'Aarbechterinnen

D’Beienaarbechterinnen an engem Vollek kënnen bis zu 50.000 Stéck uwuessen. Si si weiblech, mee kënnen selwer keng Eeër leeën.

Eng Aabeschterbei huet en strengen Oflaf a stellt sech ganz an den Déngscht vum Beievollek. Hiere  Liewensrhythmus am Summer besteet aus ca. 3 x 21 Deeg:

  • Vum Ee bis zur fäerdeger Bei dauert et 21 Deeg.
  • No dem Schlüpfen verléisst d’Bei d’Beiekescht 21 Deeg net, mee botzt hier eegen Gebuertszell an hëlleft d’Brut di nach an den Zellen sëtzt waarm zehalen. Di éischt 2-3 Deeg botzt d’Bei am Vollek an ass fir Pfleeg vun der Brut zoustänneg. An dëser Zait bilden sech hier Fudderdrüsen aus. Bei guddem Wierder flitt Sie eraus a mécht en Orientéierungsfluch. No +- 10 Deeg fänkt d’Aabeschterbei un am Vollek Waben ze bauen. D’Bei schweesst heibäi kleng durchsichteg Bliedercher aus hiren Wuesdrüsen. Als Stackbei hellt si deenen anneren Fluchbeien de Pollen an den Nektar of, a verdeelt dëst an den Zellen, dréit den Hunneg em an verdeckelt den fäerdegen Hunneg.Am Alter vun ronn 18 Deeg hält d’Aarbechterbei Wuecht firum Afluchlach. All Bei di wëll an de Stack erakommen gëtt iwwerpréift fir ze kucken ob et eng Bei aus dem Vollek ass oder  eng Reiberin. Dëst kann d'Aarbechterin duerch de Geroch erkennen.
  • Zum Schluss gëtt d'Aarbechterin eng Sammelbei, déi vun Blumm zu Blumm flitt an no Nektar a Pollen sicht. Eng Bei flitt an engem Radius vu 4-5 km. Duerch e bestëmmten Danz op de Waben weist di eng Bei der anerer Bei wou sech vill Nektar an/oder Pollen befënnt. Beim Sammelen saugt d’Bei mat enger Aart Rüssel Nektar aus dem Blummen an hiren Hunnegmo. Blummenstëbs sammelt Si hannen un de Been.

 

Summerbeien ginn nëmmen 5-6 Wochen al, Wanterbeien kennen 4-9 Méint al ginn.

D'Drohnen

Den Drohn ass eng männlech Bei an entsteet aus den onbefruuchtenen Eeër. Di meeschten Drohne fënnt ee vun Abrëll bis September am Beiestack. Si si méi grouss wéi Aarbeschterbeien a falen duerch hier grouss An op. Si besëtzen kee Stachel a kee Gëft.

D'Drohne sinn do fir d’Begattung vun der Kinnigin während dem Hochzäitsflug an hëllefen am Beiestack d'Temperatur oprecht ze erhalen. Si sammele kee Pollen an och keen Nektar a gi vun den Aarbeschterinne gefiddert. Drohne versammele sech zu Dausenden op bestëmmte Plaatzen an der Loft a waarden op eng Kinnigin. D’Paarung gëtt oft an enger Héicht vu ronn 15 m duerchgefouert.

 

Et ass bemierkenswert, dass den Drohn, deen a sech kee Papp huet (well en aus onbefruuchteten Eer kënnt) zoustänneg a wichteg ass fir dass en neit Vollek kann entstoën.

Joomla templates by a4joomla